Impressum


Editeur: ADRAD Kayldall
Fir all weider Froen iwwert dës Website an hieren Inhalt, kontaktéiert eis ënnert: info@adrad-kayldall.lu.

Haaptsëtz:
P.O. Box 26
L–3601 KAYL
Luxemburg

Provider: Visual Online S.A.

Haftung fir Inhalter:
D’Inhalter vun dëser Säit goufe mat der gréisster Suergfalt vun der ADRAD Kayldall erstallt, mat dem Ziel fir dem Public Informatiounen iwwert eis an eis Aktivitéiten ze offréieren. Fir d’Richtegkeet, Vollständegkeet an d’Aktualitéit vun dësen Inhalter kënne mir leider keng Gewähr iwwerhuelen. Mir probéieren natierlech fir all Fehler, deen eis gemëllt gëtt, ze verbesseren. Allerdings kënne mer keng Responsabilitéit, egal welcher Natur, iwwerhuelen vun den Inhalter vun dësem Site. Mir weisen all Responsabilitéit vun eis fir d’Benotzen vun den Informatiounen ob dësen Säiten. Den Inhalt ass nëmmen als Orientéierung ze gesinn. Den Inhalt enthält Informatiounen di net onbedingt vollstänneg, oofschléissend, exakt an aktuell sinn. Am Fall vun Oofweichungen zwëschend den Texter vun dësem Site an den originalen Texter, gëllen emmer di original veröffentlecht Texter als gülteg. Dësen Site verweist munchmol ob externe Siten ob di d’ADRAD Kayldall keng Kontroll huet an fir déi d’ADRAD Kayldall och keng Responsabilitéit iwwerhëllt. Fir eventuel Schied ob Ärem (informateschen) Système durch benotze vun dësem Site iwwerhëllt d’ADRAD Kayldall keng Responsabilitéit.

Datenschutz:
All Donnéen vun Iech ob dësem Site sinn fräiwëlleg an perséinlech ze maan. Di Donnéen ginn weder un eng gewerblech Firma, nach un eng aaner Organistatioun außerhalb vun der ADRAD Kayldall. Durch Kapitel VI vum Lëtzerbuerger Gesetz vum 2. August 2002 hutt dir als Utilisateur vun dësem Site d’Recht ob Asiicht ob all Informatiounen déi Iech concernéieren. Zousätzlech hutt Dir d’Recht eis ob falsch Informatiounen hinzeweisen, an dat dir fuerderen kënnt, dat mir déi falsch Informatiounen verbesseren. Falls Dir daat maachen wëllt, schreift ons ënnert: info@adrad-kayldall.lu.

Dëse Site benotzt Funktiounen vum Webanalysesystem Google Analytics. Ubidder vun deem Service ass Google Inc. 1600 Amphitheatre Parkway Mountain View, CA 94043, USA. Google Analytics benotzt sougenannte “Cookies”. Daat sinn Textdateien, die ob Ärem Computer gespeichert ginn an die eng Analyse vun der Benotzung vun dësem Site erméiglecht. Déi durch den Cooki erzeugten Informatiounen iwwert Är Benotzung vun dësem Site ginn an der Regel ob en Server vun Google, deen an den USA steet, iwwerdroen an ginn do gespeichert. Am Fall wou dir en IP-Anonymiséierungsdéngscht benotzt gëtt Är IP-Adresse, ier se un Google geet, innerhalb vun der Europäischer Union oder aaneren Vertragsstaaten vum Oofkommes iwwer den Europäeschen Wirtschaftsraum, gekierzt. Nëmmen an Ausnahmefäll gëtt di komplett IP-Adresse un den Googleserver an den USA iwwerdroen an do dann gekierzt. Am Obtraag vum Betreiwer vun dësem Site wäert Google dës Informatiounen benotzen, fier Är Benotzung vum Site auszewäerten, fier Rapporten iwwert Websiteaktivitéiten zesummenzestellen an fier weider, mat der Websitebenotzung an der Internetbenotzung verbonne Dingschtleeschtungen géigeniwwer dem Bedreiwer vun dësem Site, ze erbréngen. Är IP-Adresse gëtt dorbäi net vun Google Analytics mat weideren, vun Iech iwwermëtteltien Daten zesummengeféiert. Dir kënnt der Speicherung vun Cookies duech eng entsprechend Astellung an Ärem Browser verhënneren. Daat kann awer dozou féieren, dat dir net all Funktioune vun dësem Site kënnt benotzen.

Copyright:
All ob dësem Site veröffentlecht Inhalter ënnerleien dem internationalen Urhiewerrecht. Eng Oofännerung, Verbreedung and Verviefältegung an all Art vun der Verwertung außerhalb vun den Urhiewerrechtsgrenzen mussen schrëftlech bei der ADRAD Kayldall ugefroot ginn. Downloads an Copien vun dëser Säit sinn nëmmen fir den privaten, net-kommerziellen Gebrauch erlaabt. All Inhalter, déi net vun der ADRAD Kayldall kommen, sinn als solch gekennzeechnet. Sollt eis trotzdem eng Urhiewerrechtsverletzung ënnerlaaf sinn, entschëllege mir ons elo schon dofir. Kontaktéiert ons an deem Fall direkt ënnert info@adrad-kayldall.lu. Mir këmmeren eis dann esou schnell ewéi méiglech drëm den Problem aus der Welt ze schaafen.