Geschicht vun der ADRAD


Am Joer 1979 haaten e puer Lëtzebuerger Funkamateure, déi all Membere vum RL woaren, d’Iddi eng eegen kleng Sectioun ze grënnen. D’Haaptziel vum neie Club woar et, fir den Süden vum Land mat méi Funkaktivitéiten ze beliewen.

ADRAD Kayldall (Association Des RAdioamateurs Du Kéldall) gouf den 30. Mäerz 1979 gegrënnt. De Comité huet deemols aus folgende Persoune bestaane:

Président: Simone MICHAUX, LX1SM
Vizeprésident: Raymond REIFF, LX1RR
Sekretaire: Claude ROB, LX1CR
Trésorier: Raymond MAHR, LX1MK
Member: Germain SCHUTZ, LX1SG

ADRAD-Kayldall-Clipart

E bessi méi spéit huet d’ADRAD schon iwwert 30 Memberen gezielt. Den 19. an 20. März 1979 gouf daat éischt Amateurfunktreffen zu Rëmeleng am “Gebrannte Bösch” organiséiert. Vill Amateurfunker aus dem Inland, mee och Amateurfunker aus dem ugrenzenden Ausland koumen laanscht fir e puer gemittlech Deeg zu Rëmeleng ze verbrénge.

Am Mai 1981 gouf mam Bau vum Sendemast fir den 70cm-Relais ugefaang, nodeems et baal e Joer gedauert huet fir all Genehmigungen ze kréien. De Mast, en ausrangéierten Héichspannungsmast vun der Compagnie Grand-Ducale d’Électricité du Luxembourg S.A. (CEGEDEL), gouf vun enger Spezialfirma Stéck fir Stéck zu Nidderkäerjeng oofgerappt an ob Rëmeleng transportéiert wou d’ADRAD Kayldall en dann nees obgeriicht huet.

 

Am Juni 1984 huet d’ADRAD HAM RADIO zu Friedrichshafen besicht:

Noofolgend e puer Biller vun den Treffen aus den 1980er Joeren:

Noofolgend e puer Biller vun den Treffen aus den 1990er Joeren:

Vum 30. Juni bis den 1. Juli 1990 woar d’ADRAD ob d’HAMRADIO Friedrichshafen: